patch-lu-de

All-in-One hëlleft
ärem Business ob d’Spréng

Dir sidd ob der Sich no engem kompletten Internet Site, um leschte Stand vun der Technik ? Mir developpéieren eenzegaarteg Internet Siten matt Engagement a Passioun zu Lëtzebuerg.

Ass dëse Produit déi
adaptéiert Léisung fir mech?
Maacht den Test !

Firwat den All-in-One Internet Site
wann dir eng néi Webpage braucht ?

Dir profitéiert vum Know-how vun enger qualifizéierter a professioneller Equipe, mat méi wéi 15 Joer Erfahrung um Lëtzebuerger Marché.

Mir erstellen Iech eng komplett Léisung matt personaliséierte Maquetten, dem CMS, dem Hosting an dem Domaine Numm, déi all Är Erwaardungen iwwertreffe wäert.

Dir augmentéiert Är Visibilitéit mat engem fir Smartphonen an Tabletten adaptéierten Internet Site deen ausserdem fir Sichmachinen optimiséiert ass.

Den All-in-One ass:

Responsive web design

Ärer graphescher Charta ugepassten, personaliséiert “Template” Maquetten déi sech perfekt op Tabletten a Smartphonen upassen.

CMS & Modullen

Quilium CMS, en ergonomeschen a  modulabelen Content-Management-System deen Iech d’Méiglechkeet gëtt Äre Site komplett ze administréieren. Eng Formatioun fir d’Utilisatioun vum CMS ass och an onsem Package matt dran.

Google optimiséiert

En CMS dee fir Sichmaschinnen optimiséiert ass an Äert Refenrenzement positiv beaflosst. Zousätzlech installéieren mir Iech e “Google Analytics” Konto fir d’Verhalen vun Äre Visiteuren an d’Statistiken ze analyséieren.

Hosting & Sécherheet

Mir këmmeren eis em den Hebergement vun Ärem Internet Site, em Är E-mail Konten an Ären Domaine Numm. All eis Programmer an technesch Infrastrukturen ginn permanent iwwerwaacht an regelméisseg à jour gesaat.

Service & Support

Mir garantéieren de Fonctionnement vun ärem CMS, stinn Iech matt Rot an Dot zur Säit, an dat och a lëtzebuergescher Sprooch.

An nach vill méi...

Benotzen vun soziale Plugins, méisproocheg Säiten, Frontend Editor, Rechteverwaltung, Veröffentlechungsofleef, …

 

Ass dëse Produit eng adaptéiert Léisung fir mäi Betrib ?

Fir wien ass den All-in-One Internet Site?

Fir all Butteker a Geschäfter wéi Restauranten, Optiker, Coiffer Salonen, Blummebutteker, …

Fir all mëttelstänneg Betriber wéi Architekten, Fiduciairen, Kontruktiounsfirmaen, Botzfirmaen an aner Entrepisen déi Dingschtleeschtungen ubidden, ...

Fir privat oder ëffentlech Administratiounen wéi Gemengen, Federatiounen, Universitéiten, ASBL’en, Theateren, Muséen an Institutiounen, …